Wëllkomm bei den Anonyme Sexaholiker

Du hues scho vläicht aner Gemeinschafte fir d’Genesung vu sexueller Ofhängegkeet ausprobéiert, awer nach net d’Äntwert zu Dengem Sexsuchtproblem fonnt. AS huet eng staark * Dréchenheetsdefinitioun, déi fir eis funktionéiert. Mir hunn eng Léisung fonnt a si fräi vu Lüsternheet ginn, een Dag nom aneren. Mir behaapten net, dass dëse Wee fir jiddereen ass. Mä, wann s Du ophale wëlls lüstern ze sinn a sexuell eniichter wëlls ginn, da géife mir gären ons Léisung matt Dir deelen.

Fir méi Informatiounen iwwert d’AS-Ressourcen zu Lëtzebuerg op Franséisch, klick wann ech gelift hei / op Däitsch, klick wann ech gelift hei.

* Bei AS definéiere mir Eniichter sinn esou: ‚keen Sex, ausser am Bestietnis, a progressiv Iwwerwannung vu Lüsternheet.’ Fir eis bedeit dat Wuert Bestietnis de Mariage tëschent Mann a Fra. Dat heescht, dass e Single dee vu Lüsternheet ofhängeg ass, sexuell eniichter ass, wann en fräi vun allen Forme vu Sex ass. A fir eis all bei AS – egal ob bestuet oder net bestuet – gehéiert och di progressiv Iwwerwannung vu Lüsternheet zum sexuellen Eniichter sinn.